Eis Stécker bis elo


2022 M.S. AMORE



2019 CHAOS AM PENTHAUS



2018 ENG FANTASTESCH VAKANZ !!!

Wat geschitt ???

 

 

 

D’Stéck spillt an der Villa del Sol a Spuenien, eng <<Time-sharing Wunneng>> vun „Rent-de-Luxe“ SA. D’Véronique huet op Liewenszäit eng Woch pro Joer, eng Plaz ënner der spuenescher Sonn gewonnen. Hat kënnt déi éischte Kéier, mat sengem Frënd Thierry, heihin. Dat éischt, wat si soen, wei si d’Villa gesinn ass: „Hei ass et fantastesch!“ Si hätten et net besser treffe kënnen, well stënterlech fänken d’Probleemer un sech ze stapelen…

Och den Heng wielt fir seng „Golfvakanz“ ouni seng Fra Catherine, awer mat senger Frëndin Mary, all Joer ee sécheren Hafen. 

Natirlech hunn déi zwou Koppelen (zoufälleg) d’Villa wärend där selwechter Woch gebucht.

Kënnt dann och nach de Commandante Che, dee lokale Vertrieder vun „Rent-de-Luxe“ derbäi.

Dëse Mann sicht virun allem Trouscht an der Bar, déi a Spuenien ronderëm d’Auer op sinn. Leider muss hie just dofir suergen, dass alles reiwungslos leeft. 

 

Mixt dat alles zesumme mat e puer fëlleg onerwaarten Gäscht an e puer Verwiesslungen an dir hutt eng flott komesch Komedie fir d’ganz Famill.


2017 A GEHEIMER MISSIOUN

A GEHEIMER MISSIOUN

 

 

Den Harry ass lëtzebuergeschen Ambassadeur a Groussbritannien. Hien erzielt senger Fra Eliane, dass hien de Weekend ee Golfausfluch a Schottland arrangéiert hätt. D'Eliane sengersäits erzielt dem Harry, dass hat och dee Weekend an engem Spa verbrénge wäert an dass hir Duechter eng Frëndin dee Weekend iwwer besiche wäert. Jiddereen erzielt dann dem Perkins, deem nei agestallte Butler, vu sengem Plang. Hien kuckt séileroueg no, wéi jidderee vun hinne fir de Weekend fortfiert.

Esou wäit esou gutt.

Wat geschitt dann elo weider um Landsëtz vum lëtzebuergeschen Ambassadeur?

Dat kënne mer elo net schreiwen...  Well schliisslech ass et jo a Geheimer Missioun!

 

 Kommt a loosst Iech iwwerraschen ewéi et am Stéck virugeet.


2016 Mat enger Zéif am Waasser

Mat enger Zéif am Waasser

 

op Lëtzebuergesch iwwersat vum Marc Herman

 

verbessert an ëmgeschriwwe fir de Bieleser Theater vum Nadine Ewerling

 

 

 

 

De Gerard, e räichen Entreprener, probéiert an engem Bad ze "relaxen", a geréit dobäi awer matten an e Chaos, well am Här Sharukh sengem Bad treffe sech ganz onerwaart sechs Leit, déi sech eigentlech guer net treffen däerfen.

 

 

Wat sech tëscht Sauna, Dampbad, Schwammbaseng, Receptioun an dem Zëmmer Nr. 10, resp. 14 am rasante Wiessel vun de Plazen an den Acteuren ofspillt, ass turbulent a suergt dofir dass dir op är Käschte kommt.


2015   Männer sinn och nëmme Mënschen

MÄNNER SINN OCH NËMME MËNSCHEN

 

vum Uschi Schilling, iwwersat vum Pierre Alzin an

adaptéiert vum Nadine Ewerling fir d Theaterfrënn Bieles

 

Wat mécht dFra, wann de Mann u soss näischt wéi u seng Aarbecht denkt, an, wann hien heemkënnt, dHaushälterin kësst, an der Fra den Hutt a Mantel iwwerreecht, ouni datt hien den Iertum mierkt? Ganz einfach, si plënnert bei dNopesch. Mee ier si geet, gëtt se hirer Haushälterin den Optrag, Aen an Oueren ofzespären, a si iwwer alles ze informéieren. Esou gëtt si gewuer, datt hire Mann, opgestëppelt vu sengem gudde Frënd, dem Ambrosius, probéiert, iwwer Kontaktannocen Frae kennenzeléiren.

 

Dës Geschicht ass fräi erfonnt. Evtl. Ähnlechkeeten si keen Zoufall


2014   Stierf séier Stupp!

Stierf séier Stupp!

 

vum Hans Schimmel, iwwersat vum Gaby Muller-Sartorius, adaptéiert vum Patrick Kayser

 

 

 

Charel Becker ist ein erfolgreicher Unternehmer, dafür aber umso unglücklicher in der Ehe mit seiner Frau Charlotte. Auch diese ist wenig angetan von Charels Leidenschaft für Fußball und noch weniger über seine Liaison mit seiner Sekretärin Vanessa. Dafür liebt sie Pferde umso mehr und würde gerne Charels Toilettenpapierfabrik verkaufen, um mit dem Geld ein Gestüt zu erwerben. Dass die Schwester von Charel, Caroline, sich nur für Männer interessiert, verbessert die Situation auch nicht gerade. Der Ehekrieg ist vorprogrammiert und die beiden Ehepartner fassen gleichzeitig den Entschluss einen Killer zu engagieren, der den jeweils anderen umbringt. Dass sie auch bei der Auswahl eines solchen nicht gerade ein glückliches Händchen haben, zeigt sich daran, dass die beiden Exemplare dieses Berufsstandes bisher nicht gerade erfolgreich waren. Der einzige Ruhepol im Haus ist Butler Jean, der nicht nur Wünsche von den Augen seiner Herrschaften ablesen kann, sondern auch über eine sehr spitze Zunge verfügt, wenn es sein muss. Diese braucht er auch, weil die Freundin des Hauses, Louise, sich in den Kopf gesetzt hat ihn zu ihrem achten Ehemann zu machen. Das Hausmädchen Annette wurde von Charlotte eigentlich nur eingestellt, weil ihre Kurzsichtigkeit sich meistens zum Nachteil von Charel auswirkt. Hausmechaniker Luigi rundet die seltsame Gesellschaft ab, denn egal was er repariert, nichts wird mehr so sein wie es vorher war. 

 


2013   D'Haus voller Leit

D’Haus voller Leit

 

 

vum Wolfgang Binder, iwwersat vum Pierre Alzin an adaptéiert vum Romain Pierrot

 

Wat mécht een, wann een no engem sëffege Fussballowend den nächste Moien mat engem fuerchtbar décke Kapp erwächt, zu enger Zait, wou een eigentlech um Büro misst sinn? De Carlo Manderscheid huet do eng ganz eege Method. Hie verstréckt säi beschte Kolleeg an en Netz aus Noutligen, aus deem et irgendwann leider keen Entkomme méi gëtt. 

 

Well net nëmmen dem Olivier seng Chefin steet op eemol virun der Hausdir, mä och etlech aner Visiteuren, deenen hier Präsenz an där ganzer Situatioun net onbedéngt weiderhëllefen. 

 

Wie vun deene sinn dann elo d’Elteren vum Haushär? Wien as déi Nopesch, déi ëmmer ze meckeren huet? Wiem seng Mamm héiert net méi gutt? Souguer dem Olivier seng Fra ass net esou einfach ze bestëmmen, guer net ze schwätze vun enger héischschwangerer Frëndin, déi an deem ganze Kuddelmuddel schliisslech e gesonde Bouf op d’Welt bréngt. 

 

 

Esou schéngt alles erëm an d’Rei ze goen ... oder ... ???


2012   D'Mimmchen

D`Mimmchen

 

 

vum Pierre Barillet an Jean-Pierre Grédy, iwwersat an adaptéiert vum

Romain Pierrot 

 

 

Dem Henri kéint et net oft genuch reenen, well säi Motto ass: ,,Wëlls de dréchen duerch de Reen lafen, da géi däi Prabbeli bei Mozar kafen!” Geplot mat senge Kanner, sengen Aarbechter an de Gewerkschaften, déi hien ëmmer nëmme rose maachen, regéiert hien seng Fabrik mat eiserner Hand. Och a senger Famill ass dëst net anescht.

Seng Fra dogéint ass eng richteg Mimmchen: D’Suzanne ass eng gutt gelaunten Hausfra, huet e sonnege Charakter, an ass eng gutt Séil. Hiren Alldag besteet aus Bazaren, Kaffiskränzercher, Belottespillen, de Rousen am Gaart an de Gedichter an hirer Phantasie.

Wou dem Henri säin Imperium allerdéngs zesummenzebriechen dréit, ass d’Suzanne gefuerdert: Wéi ka sech d’Mimmchen an dëser Männerdomaine behaapten? Kommt Iech et am beschte selwer ukucken a verbréngt e lëschtegen Owend mat den Theaterfrënn Bieles. 


2011   Et as net esou wéi et ausgesäit

Et as net esou wéi et ausgesäit

 

vum Walter G. Pfaus, iwwersat vum Jean-Marie Petit an adaptéiert vum Romain Pierrot 

 

D’Rosi Wiseler plangt säit Wochen eng Feier fir säin 10. Hochzäitsdag. Dem Rosi säi Mann den Norbert ass dovun “immens begeeschtert” an de Besuch vun der gëfteger Schwéiermamm dréit net dozou bäi, dass hien seng Meenung ännert. Wann dann och nach d’Nowéie vun senger leschter Sortie mam Noper Benno an zwee Iwwerraschungsgäscht an d’Spill kommen, ass den Zodi perfekt an e Spektakel garantéiert, den Iech, léif Leit, nees këstlech zum Laache brénge wäert. 

 


2010 Hëllef ech brauch eng Fra !!!

Hëllef ech brauch eng Fra!!!

 

vum Peter Hinrichen, iwwersat vum Jean Marie Petit an

adaptéiert vum Romain Pierrot

 

Den Robi, en liewensfroue Jonggesell wunnt bei sengem beschten Kolleg dem Affekot René Schmitt an senger Famill.

Finanziell Ënnerstetzung, duerch Schwindlereien, kritt hie vun sengem Monni, dem reichen Magarinefabrikant aus Chicago. Wann dann den Monni onugemellt op Lëtzebuerg kennt an dem Robi seng Schwindlereien all an kuerzer Zeit mussen wouer gin, as alles ugeriicht fir Ierch zum Laachen ze bréngen.